1997-2007 10 Joër
Duebbel Arbecht, Duebbelt Gléck
Zwillingselteren Initiative Letzebuerg
Mir sin een Grupp vun Zwillingsmammen an mir treffen ons 1x am Mount fir iessen ze goen, an Erfahrungen auszetauschen.
Eise Grupp besteht zenter 16. Januar 1997, un dem Treffen haaten 3 Mammen deelgeholl, haut sin et ca 10 Mammen wou un engem Treffen deelhuellen. Am Joer 2007 huen 37 Zwillingsmammen (Elteren ) hir Cotisation bezuelt.
E Samsdeg den 24.9.2005 huet och eng Drillingsmamm den Wee bei eis fonnt , mir hoffen nach vill flott Stonnen mat hir ze verbrengen
3-4x am Joer huelen och Pappen un engem Treffen mat Keelenowend deel.
Am Summer organiseeren mir een Zwillingsfamilientreffen.
Den 10.7.2005 haaten 41 Leit un eisem Zwillingsfamilientreffen deel geholl.
Den 9.7.2006 woren mir an de Betteburger Park un dem Treffen haaten 44 Leit deel gehol l
Den 14.7.2007 wor eist 11. Zwiilingstreffen am Betteburger Park do haaten 29 Leit deel geholl .
Den 5.8.2007 woren mir mat de Kanner op de Wandhaff bei Welschend reiden ,hei huen mir e super flotten Daag verbruecht den mir bei Gelegenheet nach emol widderhuelen .
2008 woren mir mam Bus an Phantasialand
2009 Zwillingstreffen am Bettebueger Park
2009 Familienausflug mam Bus an Phantasialand
An eiser Schatzkescht fannt dir bal alles fir Zwillingen vum Autosetz bis Zwillingskannerkutsch. Wann dir eppes sicht oder verkaafen wellt, dann mellt iech un an dann schreiwt et einfach an eis Schatzkescht
https://zwillinge.forumieren.de/secondhand-shop-f71/Mir wiren frou wann nach Zwillings- oder Drillingsmammen sech gingen mellen fir hir Erfahrungen mat eis ze deelen.
P.S. Et gett och eng Zeitschreft " Zwillinge" fir Zwillingselteren, vun Zwillingselteren geschriwwen ,wann dir dorunner interresse'ert sidd, dann frot no ,ech lehnen Iech gären eng fir ze liesen. Am selwechten Verlag gett et ganz vill Bicher iwwert Zwillingen ze kaafen. http://www.twins.de/twins/
Eis nächst Treffen ass geplang fir
6.2.2010 zu Miersch am aalen Turm mat de Pappen
eis Treffen sin emmer Owes um 20°° Auer
Wichteg mellt Iech w.e.g 8 Deeg am viraus un beim Marguerite Antony Tel: 818483 Handy 021761135 Email Fantony@pt.lu