Salut Chantal, et gëtt effektif d'Méiglechkeet eng "aide familiale" unzefroen. Ech hat selwer eng während denen éischte 4 Méint wéi d'Kanner op der Welt waren. D'Mme Degremont-Weitzel, Dokter op der Préma-Statioun vun der Kannerklinik hat mer gesot ech soll dat ufroen well ech di éischt Zäit net extra gudd drop war. Adresse: Aide familiale a.s.b.l., 29, rue Michel Welter an der Stad; tél.: 40 49 49.